FNR

Schéckt eis däi Video bis den 8. Juni 2020 eran!

Update: Dëse Concours ass eriwwer. D'Gewënner si vun eis kontaktéiert ginn.

 

Ëm wat geet et?

Maach ee vun eisen Experimenter no oder weis eis e neit. Film dech dobäi oder maach eng Foto beim experimentéieren, an deel dëse Bäitrag mat eis.

Du kanns Déng Foto oder Däi Video op verschidden Aart a Weis mat eis deelen:

  • Direkt op d’Facebook Wall vu science.lu
  • Als Post Op Facebook, Instagram oder Tiktok mam Hashtag: #experimenterdoheem.
  • Oder per Mail op info@science.lu

Präis

Mir verlousen 3 digital Mikroskoper fir mam Tablett oder Handy ze connectéieren ënnert deene lëschtegsten, spannendsten a beschte Bäiträg déi mir erakréien.

Delai

Schéckt eis däi Video bis den 8. Juni 2020 eran.

Konditiounen

  • Wann s Du manner wéi 13 Joer hues muss du déng Elteren ëm Erlabnis froen.
  • D’Fotoe kënne vu science.lu um Internetsite an op anere social media Kanäl publizéiert ginn.
  • Mam posten acceptéiers du d'„Nutzungsbedingungen“ vu science.lu and de Règlement vum Concours.

 - Däi science.lu-Team

Aussi dans cette rubrique

Experiment: Zongebatterie Wéi schmaacht elektresche Stroum?

Mat 2 verschidde Metaller kanns de op denger Zong en ongeféierlechen elektreschen Stroum schmaachen.

FNR
Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun engem Béierdeckel, vertosch?

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorées.

FNR