De Joseph vu science.lu (Mr Science) stellt dir am Experiment vum Dag en Challenge: Kanns du duerch e Blat Toilettepabeier mam ganze Kierper duerchklammen?
Wéint dem Coronavirus sinn den Ament vill Kanner mat hieren Elteren doheem. Mir offréieren dowéint lo all Dag 1-2 flott an einfach Experimenter fir doheem nozeman. Vill Spaass beim Ausprobéieren! :)
Fir de Relaunch vu science.lu huet d’science.lu-Equipe eng Science Street Show gemaach, mat Experimenter, déi mer schon ëmmer eng Kéier wollte vierféieren. En Zesummeschnëtt am Video.