Kenns du dat? Bei verschiddene Leit, wa se raus ginn an an d’Sonn kucken, fänkt hier Nues un ze kribbelen an si mussen dräimol néitsen. Firwat ass dat esou, an huet dat eigentlech jiddereen?
Op Fluchhäfe ginn zanter e puer Joer Kierperscanneren agesat, fir Passagéier op Waffen a Sprengstoff ze duerchsichen. Wéi funktionéieren dës Apparater?
Ëmmer erëm héiert ee vun Deep Fakes - Biller oder Videoen, déi täuschend echt ausgesinn, sech dann awer als Fälschung erweisen. Wéi kann een déi erkennen, Mr Science?
E réit Héngeree kann eng Chute aus 215 Meter Héicht iwwerliewen. Wéi dat geet, a firwat de Mr Science mam Olivier Catani NACH op den héige Sendemast eropgeklommen ass, gitt der am Video gewuer.
Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi vill Screentime ass eigentlech gutt a wéini soll ech agräifen, Mr Science?