RTL

E Persounenzuch kritt net sou einfach gebremst well seng Rieder ganz wéineg Reiwung mam Ënnergrond hunn.

E Persounenzuch dee mat 140 Kilometer an der Stonn ënnerwee ass kritt net sou einfach gebremst, well seng Rieder ganz wéineg Reiwung mam Ënnergrond hunn, also mat de Schinnen. Wéi en awer un d’Hale kënnt huet de Mr Science ënnersicht.

Wéi wéineg (Haft)Reiwung en Zuchwaggon mam Ënnergrond huet gesäit een, wann een en undréckt. Eng Persoun eleng kritt e Waggon vu 55 Tonnen deplacéiert.

D’B-Säit vun dëser Eegenschaft ass datt den Zuch net vill Gripp huet fir un d’Halen ze kommen, an dat och bei enger Noutbremsung. De Bremswee fält deementspriechend laang aus, an dat obwuel 3 verschidde Bremsen aktiv sinn.


Auteur: Joseph RODESCH/FNR
Produktioun: RTL, Media4all
René PFEIFFER, Marc BURELBACH, Altti NIEMINEN
Decor : Julieta FERNANDEZ

Infobox

Merci'en

Guy LUX, Marc FABER, André MOUSSET, Joé FEIEREISEN, Alain SCHMIT, Christian HEINEN, Cyrille PLETGEN, Jerome THIELEN, Mike THREIS, Jeremy MULLER, Olivier CATANI, Ingo KNOPF

Auch in dieser Rubrik

Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR