Stechmücke

Adobe Stock

D'Bluttsëffer orientéiere sech bei der Wiel vun hiren Affer un enger Partie Critèren.

Fuerscher a Fuerscherinnen hunn dëse Phenomeen och festgestallt. Si probéieren erauszefannen, firwat Mustike bestëmmt Leit léiwer hunn ewéi anerer. Wat si entre-temps wëssen: D'Bluttsëffer orientéiere sech bei der Wiel vun hiren Affer un enger Partie Critèren. Esou schéngen ënner anerem d'Kierpertemperatur an d'Bluttgrupp eng Roll ze spillen. A si orientéiere sech och u Gaser, déi d'Leit ausdonsten – virun allem un engem bestëmmte Gas an der Otemloft.

Ewéi e Gas ass dat?

Et geet ëm Kuelendioxid, kuerz CO2. Et entsteet bei eisem Stoffwiessel quasi als Ofgas. Wa mir ausootmen, stéisst eis Long et an d'Ëmwelt aus. Wat mir méi intensiv ootmen, wat den CO2-Gehalt an eiser Otemloft méi héich ass. Insektefuerscher a -fuerscherinnen hunn erausfonnt, dass Mécken dësen CO2-Gas, deen eis Nues net riche kann, op grouss Distanze richen. En zitt si magesch un.

Wat heescht dat?

Majo zum Beispill si Fraen déi erwaarden e besonnescht beléiftend Zil vun de klenge Vampiren. Well si ootme virun allem kuerz virun der Gebuert souzesoe fir zwee – fir sech a fir hire Puppelchen. Ausserdeem ass hir Kierpertemperatur méi héich. An och dat hu Mécke gär.

A wéi ass et da mat Gerécher?

Mustiken hu Rich-Sensoren, mat deene si chemesch Verbindungen erschnoffele kënnen: zum Beispill Ammoniak, Bottersaier an Harnsaier – Stoffer, déi vu Bakterien op der mënschlecher Haut produzéiert ginn. D'Resultat ass en individuellen Doft. Besonnesch staark ass dësen nom Sport, wa mir verschweesst sinn – an eis waarm ass: Dat ass e besonnesch lackelege Mix fir Insekten, déi op Blutt aus sinn.

Gëtt et vläicht och esou eppes ewéi eng geneetesch Veranlagung, dass ech bei Mustiken esou beléift sinn?

Duerchaus! Och d'Geene kéinten eng Roll spillen. Dat hu Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen a Groussbritannien bei engem Versuch mat 18 eeneeëgen an 19 zweeeeëgen Zwillingen ënnersicht. Dobäi koum eraus, dass d'eeneeëg Zwillingen d'selwecht beléift oder onbeléift bei Mustike waren. Bei den zweeeeëgen Zwillinge gouf et allerdéngs Ënnerscheeder, wat d'Beléiftheet ugeet. Dat deit op eng geneetesch Ursaach hin. Ewéi fundéiert dës Conclusioun aus der Etüd ass a wéi d'Geene genee wierke kéinten, musse weider Experimenter weisen. Et bleift deemno spannend an der Fuerschung!

Infobox

Firwat Mécke picken

Wien emol vun enger Mustik gepickt ginn ass – an et huet duerno wéi gedoen oder gebass –, dee ka sécher sinn, dass et eng Mécken-Damm war. Well just d'weiblech Insekte picken. Si brauche fir d'Entwécklung vun hiren Eeër no der Befruchtung bestëmmten Enzymer, déi si selwer net produzéiere kënnen. Mënschlecht Blutt enthält vill Eewäiss an dowéinst och vill vun dësen Enzymer. Fir un d'Blutt erunzekommen, bueren d'Mécke mat hirem feine Rüssel kleng Oderen an der Haut un. Gläichzäiteg gi si Spaut of, dee bestëmmt Substanzen enthält. Si maachen op där enger Säit d'Bluttgefäässer méi grouss a suergen dofir, dass de Jus, dee si begieren, dënn bleift – also net gerënnt. Op där anerer Säit déide si d'blesséiert Plaz op der Haut. Dowéinst mierkt een net direkt, dass ee gepickt ginn ass – an den Immunsystem mierkt et och net. Well männlech Mécke kee Besoin u Blutt hunn, verzichte si op en allze enke Kontakt mat Mënschen. Hinne geet de Kascht duer, vun deem sech soss och d'Méckeweibercher ernieren: Nektar aus Bléien an de Saaft vu Planzeblieder.

Och d'Bluttgrupp mécht en Ënnerscheed

Fir ze testen, wéi eng Roll eis Bluttgrupp bei eiser Beléiftheet bei Mustike spillt, hu japanesch Fuerscher a Fuerscherinnen 32 Fraen an 32 Männer, déi ënnerschiddlech Bluttgruppen haten, mat Tigermécken zesummebruecht. An engem Aquarium konnten d'Insekten an d'Hand oder den Ënneraarm vun de männlechen a weibleche Probande picken – respektiv et probéieren, well hire Stachel war virum Versuch ewechgeholl ginn. D'Zuel vun den Ugrëff gouf gezielt. D'Resultat: Leit mat der Bluttgrupp 0, déi weltwäit am heefegsten ass, goufen iwwer 80 Prozent méi dacks vun de Mécken ugegraff ewéi déi mat der Bluttgrupp A. D'Differenz zu de Persoune mat der Bluttgrupp B oder AB war méi kleng a statistesch net relevant. Iwwer Ënnerscheeder tëschent Fraen a Männer hunn d'Fuerscher a Fuerscherinne keng Informatioune geliwwert. Firwat d'Insekte munch Bluttgruppe léiwer hunn ewéi anerer, doriwwer rätsele si nach.

Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

De Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/
 

Auch interessant

Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR
Neuer immuntherapeutischer Ansatz Katzenallergien: Hohe Dosen eines Hilfsstoffs erhöhen die Immuntoleranz und lindern Allergiesymptome

Forscher des LIH verfolgen bei der Behandlung schwerer Katzenallergien einen neuen Therapieansatz, mit dem die wesentlic...

LIH