FNR

Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR)

Dëst ass eng liicht adaptéiert Versioun vun der Carte Blanche vum Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, déi den 9. Dezember 2020 op RTL diffuséiert gouf.

Deemnächst wäerten déi éischt Leit zu Lëtzebuerg sech kënne géint Covid-19 impfe loossen. Ëmmer nees ginn ech gefrot, wéi et méiglech ass, dass de Vaccin sou séier konnt entwéckelt ginn. Vill Leit si skeptesch, op dann och gewëssenhaft genuch geschafft gouf ?

D’Europäesch Medezin-Agence (EMA) huet d'lescht Wuert fir z'iwwerpréiwen, dass déi Vaccinen den übleche rigouréise Qualitéits- a Sécherheetsstandarden entspriechen. Mat enger Decisioun gëtt hei Enn Dezember oder Ufanks Januar gerechent.

Et ginn eng ganz Rei Grënn, fir dass et esou séier gaangen ass.

  • Am Fall vu Covid huet een net misse bei Null ufänken. Well bei de SARS- a MERS-Epidemie virun en puer Jore gouf schonns u Vaccine géint Coronavire gefuerscht. Dat huet Joren un Entwécklung gespuert. Ausserdeem loosse sech géint Coronavire relativ einfach Impfstoffer entwéckelen. Dat ass net bei all Viren de Fall.
  • Duerno geet e Vaccin an déi klinesch Phasen, wou en un fräiwëllegen Test-Persoune getest gëtt. Normalerweis laafen Phase 1, 2 an 3 vun de klinesche Studien noeneen of. An desem Fall gouf et awer zum Deel Iwwerlappung vun de verschiddene Phasen. Virun allem an der 3. Phase z.B. muss een waarden, bis sech genuch Leit infizéiert hunn, fir Aussoen iwwert d’Wierksamkeet vum Vaccin kënnen ze maachen. Well aussergewéinlech vill Fräiwëlleger matgemaach hunn an de Virus aktuell sou present ass, ass datt séier gaangen. An da koum et bei den Impfstoff-Kandidate vu BioNTech/Pfizer a Moderna och zu kenge Komplikatiounen, déi de Prozess verlängert hätten.  Beim Impfstoff vun AstraZeneca/Oxford gouf et Ënnerbriechungen. Dofir war deen zum Schluss net méi an der Pole Position, obwuel si laang vir louchen.
  • Et muss een och soen, dass an dësem Fall ganz vill Suen a Ressourcen an d’Fuerschung an an d’Entwécklung vu Vaccinë gestach goufen. D’Resultat: vill Quantitéit a vill Qualitéit. Dat huet d'Chancen enorm erhéicht, dass um Enn e puer vun de villen Impfstoff-Kandidaten erfollegräich sinn.
  • Ausserdeem kooperéieren d’Autoritéiten. Amplaz wéi üblech ze waarden, bis all d’Phasen ofgeschloss sinn an dann eréischt d'Dossieren ze iwwerpréiwen, kruten d’Autoritéite schonns Abléck an d’Daten, nach wärend déi verschidde klinesch Phase gelaf sinn, wat de Prozess och nees vill méi séier mécht.
  • Déi éischt Impfstoffer déi zougelooss goufe sinn mRNA-Impfstoffer, eng nei Zort vun Impfstoffer. Bis elo huet een sech bei der Impfstoff-Entwécklung ëmmer op etabléiert Methode verlooss. Awer ee grousse Virdeel vun mRNA-Impfstoffer ass, datt een se vill méi séier developpéiere kann. Dat war an deser Situatioun wichteg. Et ass zwar déi éischte Kéier, datt mRNA-Impfstoffer zougelooss ginn, awer un deser Technologie gett scho sait iwwer 25 Joer gefuerscht. An sou ass dat heiansdo an der Fuerschung: et braucht no jorelaanger Fuerschung zum Schluss nach e bëssen Drock oder ee leschte Coup, fir den Duerchbroch ze packen. D’mRNA-Impfstoffer si sou eng Technologie, déi an Zukunft méi dacks agesaat kéint ginn.
  • A schliisslech hunn d’Laboratoiren d’Masseproduktioun vu Vaccinë schonn ulafe gelooss, fir dass dee Moment, wou d'Autorisatiounen do sinn, d'Impf-Campagnen direkt kënnen ufänken.

Wéi ee gesäit: Et gi gutt Grënn, firwat all eenzel Etappe konnt méi séier goe wéi normal. Dat heescht awer net, dass Etappen iwwerspronge goufen. Bei deenen zwee Vaccinskandidaten, wou grad eng Autorisatioun bei der Europäescher Agence ugefrot gouf, schwätzen den Ament d’Indicen derfir, dass esou rigouréis a sécher geschafft gouf, ewéi üblech. De Vaccin gouf souguer un aussergewéinlech ville Leit getest. Déi gutt Nouvelle ass, dass mir Liicht um Enn vum Tunnel gesinn. De Vaccin huet d’Potential, dës Pandemie ze stoppen. Awer nëmmen ënnert der Viraussetzung, dass och genuch Leit sech wëllen impfe loossen. Hei ass et wichteg, dass d’Fuerschung an d’Autoritéite gutt an transparent informéieren.

Den FNR geréiert d‘Internetsäit www.science.lu, wou reegelméisseg iwwert Fuerschung zu Lëtzebuerg, ma spezifesch och iwwert de Coronavirus informéiert gëtt. Hei fënnt een och en Artikel mat nach méi Hannergrondinformatiounen dozou, firwat de Vaccin konnt sou séier entwéckelt ginn.

Auteur: Marc Schiltz (FNR)
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Auch interessant

Studienteilnehmer gesucht Post-virale Fatigue: Post-Covid und Chronisches Erschöpfungssyndrom

Waren Sie an Covid-19 erkrankt und haben sich immer noch nicht erholt? Leiden Sie unter chronischer Müdigkeit? Dann ist ...

Immunschutz vs. Virus Was schützt besser vor Covid-19: Impfung oder überstandene Erkrankung? Ein Update

Die kalte Jahreszeit steht vor der Tür und mit ihr wohl eine weitere Coronawelle. Dank Impfung, Booster und überstandene...

FNR , LIH

Auch in dieser Rubrik

Herausragende wissenschaftliche Leistung FNR Awards 2023: Hoffnung auf eine neue Generation von Schmerztherapie

Ein Forschungsteam vom Luxembourg Institute of Health erhielt einen Preis für ihre Entdeckungen, die helfen könnten die Krise der Opioid-Abhängigkeit einzudämmen.

LIH, FNR
Outstanding Scientific Achievement FNR Awards 2023: Ein Modell, um das allergene Potenzial neuer Produkte zu testen

Arno Gutleb vom Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) wurde in der Kategorie "Outstanding Scientific Achievement" für die FNR Awards 2023 ausgewählt.

Outstanding PhD Thesis FNR Awards 2023: Studie über das Mikrobiom bringt Krebsforschung voran

Mina Tsenkova von der Universität Luxemburg wurde in der Kategorie "Outstanding PhD Thesis" für die FNR Awards 2023 ausgewählt.

Gesundheitssystem Luxemburg Inwiefern kann die Gesundheitsökonomie dem Gesundheitswesen helfen?

Welche Herausforderungen und Lösungen sehen Gesundheitsökonomen für unser Gesundheitssystem? Ein Interview mit Prof. Marc Suhrcke (LISER) und Dr. Valérie Moran (LISER, LIH).