shotshop

Fiichten Draam oder just staark Duerchbluddung?

D’Morgenlatte begleet Männer hiert ganzt Liewen. Dreemen se beim waakreg ginn ëmmer vu Sex – oder ginn et aner Grënn fir d’Erektioun am Mueren? 

Fuerscher huelen un, dass et méi Grënn fir d’Erektioun vun engem Penis moies gëtt. Am wichtegsten ass wuel eng verstäerkten Duerchbluddung vum Kierper, mat där den Tissu gebotzt gëtt. Dat geschitt an enger Schlofphase kuerz virum waakreg ginn, an där mer ganz intensiv dreemen.

Ech hunn awer net d’Gefill, dass ech besonnesch oft vu Sex dreemen, wann de Wecker schellt.

De Contenu vun den Dreem spillt och keng Roll. Vill méi wichteg ass d’Intensitéit, mat där mir an där Schlofphase kuerz virum waakreg ginn dreemen. Wëssenschaftler bezeechnen des Phase als REM-Phase. D’Ofkierzung ass englesch a steet fir Rapid Eye Movement – also séier Aenbeweegungen. Eis Aen zucken dann hin an hier, well mer sou intensiv dreemen.

An wat hunn Aenzuckunge mat der Erektioun ze dinn?

Bei de staarken Dreem an der REM-Phase échaufféieren sech sou munch Organer an eisem Kierper. D’Zucke vun den Aen ass een Zeechen dofir. Wichteg ass, dass d’Duerchbluddung an eisem Kierper dann immens intensiv ass. Dat gëllt fir d’Liewer genee sou wéi fir de Schwellkierper vum Penis. De Penis gëtt dann eebe steif.

An des staark Duerchbluddung botzt de Kierper ...

Genee! D’Blutt transportéiert d’Oofbauproduiten an d’Schuedstoffer aus den Organer eraus. Sou eng Botzaktioun ass iwwregens an all Liewensalter noutwenneg. Dofir kréien och männlech Puppelcher an al Bopie moies eng Erektioun, och wann des Männer sexuell net aktiv sinn. Dat weist eis: Sexuell Fantasie sinn net de Grond fir d’Erektioune Moies. Meeschtens zumindest.

Auteur: sciencerelations
Editeur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Shotshop

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

Dës Emissioun leeft all 2 Wochen op Eldo Radio.

Auch in dieser Rubrik

Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

FNR
gro Hoer
Faarfpigmenter Firwat kréie mer gro Hoer?

Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen anere réischt mat 50. Mee firwat kréie mer gro Hoer?

FNR
Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR