Inspirational Artworks. Edelfelt portraits (via Wikimedia Commons)

Portrait vum Louis Pasteur

Nee, de Louis Pasteur huet dee gréissten Deel vu sengem Liewen domat verbruecht fir de Gärungsprozess ze studéieren an ze optimiséieren. An elo kanns de der vläit schonn denke wéi ee Patent haut Gebuertsdag huet : d’Art a Weis fir Béier ze brauen sou wéi mir en haut kennen !

Béier gëtt et quasi schonn esou laang wéi et d’Mënschheet gëtt ! U sech ass dat also elo näischt Neies. Mee hien huet d’Art a Weis fir Béier ze ma revolutionnéiert a beim Gärungsprozess näischt méi dem Zoufall iwwerlooss. Hien huet z.B erausfonnt datt de Gärungsprozess besser funktionéiert wa kee Sauerstoff dru kënnt, an hie war deen deen de Brauvirgang an engem zouenen System entwéckelt huet. Esou huet en d’Entwécklung vun all deene leckere Béierzorten eréischt erméiglecht. Merci Louis!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: Inspirational Artworks. Edelfelt portraits

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR