Calvert Litho. Co.

1809, huet d’Mary Kies als alleréischt Fra e Patent kritt

D’Mary Kies: déi éischt Fra, déi e Patent krut!

1809, huet d’Mary Kies als alleréischt Fra e Patent kritt, 19 Joer no der Erfindung vum Patentamt. Deemools war dat zimlech revolutionär, well d’Fraen an Amerika hu keen eegene Besëtz onofhängeg vun hirem Mann dierfen hunn. All Erfindung vun enger Fra huet also misse vun hirem Mann patentéiert ginn.

Nodeems d’Mary Kies mam gudde Beispill fir gaang ass, hunn sech lues a lues Fraen duerchgesat fir hir Erfindunge selwer ze patentéieren. Trotzdem ass et an deenen 30 Joer duerno just 20 Frae gelongen. An der Tëschenzäit sinn et der e puer méi : 2010 goufen 18% vun den neie Patenter u Frae verginn, an et ginn der ëmmer méi !

Text: Corinne Kroemmer
Foto (CREDIT: Calvert Litho. Co., lithographer. Head-and-Shoulders Image of Brunette Woman, Facing Right, Wearing Large Blue Hat, 1892. Prints and Photographs Division, Library of Congress. Call Number POS - TH - STO, no. 11 (C size))

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR