Diese Seite verwendet Cookies, um ihren Datenverkehr anonym zu analysieren,
und um uns zu helfen, Ihnen die bestmögliche Erfahrung zu bieten. Mehr Infos
De Mr Science sicht sech Hëllef bei Schoulkanner déi den Apel an d´Bier genee ënnersichen an en erkläert wisou den Apel vum Bam fällt wann en zeideg ass.
Mat enger mathematescher Formel kann een den Horizont berechnen, mee et kann een och einfach mat engem Boot dohi fueren. De Mr Science mécht béides - op der Plage zu Zeebrugge.
D'Bréifdauwe kënne Strecke vun iwwer 1000 km zeréckleeën. Wéi maachen se dat, a wéi séier sinn se? De Mr Science mécht eng Course mam Auto géint d'Dauwen.
De Mr Science spillt op engem selwer erfonntenem Héischspannungs - Museksinstrument. En Toun entsteet awer wéi bei all aner Instrument duerch Vibratioune vun der Loft.
Wee fréier am Wanter wollt Uebst a Geméis iessen, deen huet missen op Konserven zréckgräifen. Mee wéi mécht een déi selwer, a sinn se wierklech sou schlecht wéi hire Ruff?
A Carrièren am Süde vum Land gëtt d'Matière Première fir Zement aus dem Fiels gesprengt. Wéi dorausser Zement entsteet a wéi dësen duerno haart ka ginn, erkläert de Mr Science a sengem Experiment.