Don Purcell/Shutterstock

E Stéck Buche erëm vun de Rëpper lass ze ginn kann ustrengend sinn.

Eng Dose Kichelcher, 2 Stécker Stollen oder e gutt Stéck Buche! Dat sinn all Kéiers 600 kcal. Fir déi Kalorien erëm lass ze ginn, misst de all Kéiers eng ganz Stonn lafen!

Wann’s de op d’Zänn bäiss misst dat jo awer dra sinn!

Wann’s de just sporadesch lafe gees fir däi schlecht Gewëssen ze berouegen, da gëtt et awer sauer! Fir duerchzehalen, brauchen deng Muskelen ëmmer méi Sauerstoff an Energie. Däin Häerz ass dat jo awer net gewinnt, däi Bols gëtt enorm héich, an du kriss awer net genuch Sauerstoff an d’Muskelen. Déi streiken dann, du läis verkrampft um Buedem an d’Buche hues de awer nach net verschafft!

Wéi maache verschidde Leit dat dann fir vill ze naschelen, kee Sport ze maachen an awer rabbel dënn ze sinn?

Verschidde Leit, egal op déck oder dënn, hu méi e séieren Stoffwiessel a verschaffen dofir méi Kalorien, fir den normalen Energieverbrauch vum Kierper ze decken. Wéi genee däi Kierper Kalorie stockéiert oder verbrennt, dat ass genetesch bedéngt an hänkt vu jidderengem of.

Dat heescht wann’s de Chance hues an deng Gene spille mat, da muss de just 50 Minutte lafe fir d’Buche ze verschaffen!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Don Purcell/Shutterstock

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch in dieser Rubrik

Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR