FNR | Olivier Minaire
Op de Researchers‘ Days presentéieren ëm déi 250 Wëssenschaftler mat iwwer 30 Atelieren hier Fuerschung. „THE PLACE TO BE“ also fir de Schüler de Beruff vum Fuerscher, d‘wëssenschaftlech Methode an d‘Fuerschungméiglechkeeten zu Lëtzebuerg méi no ze bréngen – a fir einfach nëmme Spaass un der Wëssenschaft ze hunn.
Nach bis den 8. November kanns du deng Klass iwwert eisen Umeldungsformular aschreiwen.
Update: Fir Freides hu sech scho vill Klassen ugemellt, do sinn also just nach limitéiert Plazen. Donneschdes sinn awer nach Plaze fräi.
Du bass net méi am Lycée, ma wëlls awer bei de Researchers’ Days dobäi sinn? Kee Problem! D’Researchers’ Days sinn de Samschdeg 30. November vun 10:00 - 19:00 Uhr duerchgoend fir jiddereen (mir recommandéieren en Alter vun minimal 6 Joer) op – an den Entrée ass gratis.
Wat erwaart Dech?
Deng Schüler kënnen sech fräi um Site beweegen a jee no Interessi un iwwer 30 verschiddene Workshoppen deelhuelen. Bei denger Umeldung fir d’Researchers‘ Days muss du deng Klass also NET fir eenzel Workshoppen aschreiwen, ma déi Jonk entscheede sur place an individuell bei wéi enge Workshoppe si wëlle matmaachen.
Den detailléierte Programm vun de Researchers‘ Days fënns du hei.
Fir eng Impressioun ze kréien, hei de Video vun der Editioun 2022:
Opgepasst: d’Plaze si limitéiert! Schreif Deng Klass also esou schnell wéi méiglech an!
All weider Informatiounen zum Event fënns du op www.researchersdays.lu
Video: © MOAST
Fotoen: Olivier Minaire