Diese Seite verwendet Cookies, um ihren Datenverkehr anonym zu analysieren,
und um uns zu helfen, Ihnen die bestmögliche Erfahrung zu bieten. Mehr Infos
E frësch ëmgegruewene Gaart gesäit propper aus. Mee fir d'Liewewiesen am Buedem ass et e Katastrophegebitt. Et sollt een de Buedem besser mat Rou loossen!
E Persounenzuch dee mat 140 Kilometer an der Stonn ënnerwee ass kritt net sou einfach gebremst. Wéi en awer un d’Hale kënnt huet de Mr Science ënnersicht.
Op Partye fänke Leit, déi normalerweis net fëmmen, ob eemol u sech eng Zigarett no der anerer eranzezéien. Ass et den Alkohol, deen zum Fëmme verféiert?
Eng Bidde mat äisegem Waasser oder eng Dusch ënner ganz kalem Waasser: dorop schwiere vill Sportler – well een doduerch e Muskelkater evitéiere kéint. Wat ass drun?
Millioune Mënsche leiden ënner Demenz - an hir Unzuel klëmmt rapid. Gëtt et eng Méiglechkeet, d'Ofhuele vun de geeschtege Kräfte virzebeugen? A wa jo, wéi eng?
Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Batterië geläscht an duerno entsuergt ginn?
Facebook, den Tesla-Grënner Elon Musk an d'amerikanesch Militär fuerschen intensiv u Gehier-Computer-Schnëttstellen. Kann een domadder geschwënn eis Gedanke liesen?