Diese Seite verwendet Cookies, um ihren Datenverkehr anonym zu analysieren,
und um uns zu helfen, Ihnen die bestmögliche Erfahrung zu bieten. Mehr Infos
All Dag en Temperaturschock, soll dat gesond sinn? Äisbueder schwieren op allefall drop, an och Wëssenschaftler si ganz intresséiert. Mir hunn d’Method fir Iech getest...
Ech hu gelies, dass Depressioune wärend der Corona-Pandemie méi heefeg gi sinn. Wéi entstinn eigentlech Depressiounen a wéi kann ee si verhënneren, Mr Science?
Eng Kou stéisst pro Dag bis zu 600 Liter vum Zäregas Methan aus. Sollte mir dowéinst op Mellëch a Rëndfleesch verzichten, fir de Klima ze schützen, Mr Science?
Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Munch Leit entwutscht do souguer e ganz schrillt Gebierels. Firwat ass dat esou?
Hätte mir kee Gediechtnes, géife mir just am Moment liewen! Mä sinn all eis Erënnerungen och wierklech geschitt? D'Wëssenschaft schéngt Zweiwel ze hunn...
Muncheree setzt op Feng Shui, wann et ëm d'Ariichten an d'Dekoréiere vun der Wunneng geet. Dat uraalt chineesescht Konzept soll dobäi hëllefen, en harmonescht Liewen ze féieren. Funktionéiert dat?
Duerch bewosste Konsum, schounenden Ëmgang mat Rohstoffer a virun allem Offallvermeidung wëll Zero Waste hëllefen, eis Ëmwelt ze retten. Wéi relevant ass des Beweegung? A wat funktionéiert?
De Mr Science an d'Michèle vu science.lu probéieren, ob si duerch Sport oder Meditatioun Genen un- oder ausschalte kënnen – an doduerch e puer Joer méi jonk kënne ginn.