(C) science.lu

De grouse Baséng an der Coque huet d’Dimensioune vun enger olympescher Piscine, also 50 Meter laang, 25 Meter breet an 2 Meter déif. Fir déi 2 500 m3 ze fëllen, brauch een 2 500 000 Liter Wasser.

Mir solle jo all Daag 2 Liter Waasser drenken fir bei Gesondheet ze bleiwen. Wann ech also all Daag meng 2 Liter aus der Coque suckelen, da brauch ech iwwer 3 400 Joer fir se eidel ze kréien! Et kennen awer och 40 Leit zesummen hiert ganzt Liewen aus der Coque drénken. Mat enger Liewenserwardung vun 80 kréien se se dann zesummen eidel!

Bei esou vill Waasser muss een oppassen, dass een net ze séier drénkt! D’Waasser muss nämlech och duerch de Mo an de Verdauungssystem, a gëtt net vun enger Sekonn op di aner vun eisem Kierper opgeholl. Vun 300 ml, déi ee beieneen drénkt, gëtt d’Hallschent an enger knapper halwer Stonn verdaut. De Rescht brauch awer bis zu 2 Stonnen, fir verdaut ze ginn.

Also och wann een de Summer de géien Duuscht huet: net ze séier oder zevill beineen drénken! Soss kann een näämlech eng Waasservergëftung kréien! Eis Zellen an den Organer huelen dann zevill Waasser op, platzen iergendwann oder üben zevill Drock op Nerven oder Oderen aus. Dorënner leiden d’Organer natierlech. Wann d’Waasservergëftung dann net behandelt gëtt,  kann se zum Doud féieren!

Auteur: Corinne Kroemmer

Sources :

http://www.coque.lu/article/174

http://sweatscience.com/how-quickly-is-water-absorbed-after-you-drink-it/

http://chemistry.about.com/cs/5/f/blwaterintox.htm

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Science-Check Ziel mir keng! - Unfruchtbarkeit: Ursachen und Statistiken

Nimmt Unfruchtbarkeit zu? Wie viele Menschen trifft es? Eher Frauen oder eher Männer – Stichwort „Spermakrise“? Und was sind jeweils mögliche Gründe? Das sind Themen in diesem "Ziel mir keng!"-Video.

FNR, CHL
aurora borealis
Aurora borealis Wie entstehen Polarlichter?

Am Wochenende waren in Luxemburg farbige Polarlichter am Nachthimmel zu sehen. Wir erklären in diesem Artikel, wie es dazu kam, und wie die Farben entstehen.

FNR
Science Check Polarisierte Gesellschaft – ein Grund zur Sorge?

Die Polarisierung der Gesellschaft scheint zuzunehmen. Entspricht dies der Wirklichkeit? Sind abweichende Meinungen eibesorgniserregend, oder im Gegenteil ein wesentlicher Bestandteil der Demokratie?

FNR