Mat 1 Liter Helium kann een 1 Gramm ophiewen. En normalen Helium-Ballon vum Mäertchen ass mat 14 Liter Helium gefëllt, a kann also 14 Gramm ophiewen. Fir d’Gëlle Fra brauch een also iwwer 100.000 Helium-Ballonen!

D’Gewiicht vun der Gëlle Fra war laang Zäit e Rätsel. Si ass 1923 entworf ginn, als Symbol fir eise Wëlle fir am Éischte Weltkrich onofhängeg ze bleiwen. De Kënschtler Claus Cito hat d’Gewiicht zwar bestëmmt a sengen Ënnerlage festgehal, mee d’Friddensgöttin mam Lorberkranz huet vill am 20te Jorhonnert gelidden. Nodeems se e puer mol zerstéiert an sou gutt wéi méiglech rëm opgebaut gi war, konnt kee méi soe wéi vill d’Statue géif weien.

Gewoust war, dass déi méi wéi 3 Meter héich bronze Statue mat Gold iwwerzu wier. D’Firma, déi sech ëm den Transport vun der Gëlle Fra op d’Weltausstellung zu Shanghai 2010 gekëmmert huet, huet hiert Gewiicht doropshin op eng knapp Tonn geschat. Si hunn hiren Iertum awer séier festgestallt, an dat richtegt Gewiicht vun der Gëlle Fra gemooss.

Auteur: Corinne Kroemmer

Sources :

http://www.expogellefra.lu/media/PadagogischesDossier.pdf

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Science-Check Ziel mir keng! - Unfruchtbarkeit: Ursachen und Statistiken

Nimmt Unfruchtbarkeit zu? Wie viele Menschen trifft es? Eher Frauen oder eher Männer – Stichwort „Spermakrise“? Und was sind jeweils mögliche Gründe? Das sind Themen in diesem "Ziel mir keng!"-Video.

FNR, CHL
aurora borealis
Aurora borealis Wie entstehen Polarlichter?

Am Wochenende waren in Luxemburg farbige Polarlichter am Nachthimmel zu sehen. Wir erklären in diesem Artikel, wie es dazu kam, und wie die Farben entstehen.

FNR
Science Check Polarisierte Gesellschaft – ein Grund zur Sorge?

Die Polarisierung der Gesellschaft scheint zuzunehmen. Entspricht dies der Wirklichkeit? Sind abweichende Meinungen eibesorgniserregend, oder im Gegenteil ein wesentlicher Bestandteil der Demokratie?

FNR